1996 hat sech d'Anke Huber als Éischt an de Palmarès vum WTA-Tennistournoi op der Kockelscheier agedroen.

Amanda Coetzer, Jennifer Capriati, Kim Clijsters, Venus Williams, Caroline Wozniacki, fir nëmmen e puer Weltstaren ervirzehiewen, haten an de Joren duerno dem Luxembourg Open en Numm am internationalen Tenniscircuit assuréiert.

Leider ka wéinst der Corona-Kris dëst Joer am November net déi 25. Gewënnerin um Center Court op der Kockelscheier ermëttelt ginn, dat wäert mat engem Joer Verspéidung 2021 sinn.

Mir hunn awer mam Mandy Minella als Presentatrice vun der Emissioun op d'Highlights vun der Geschicht vum Turnéier zeréckgekuckt.