Esou sollen d'Spiller, wa se net aktiv sinn, e Mask undoen oder och op der Bänk zwee Meter Distanz zoueneen anhalen.

Kontaktsport gouf mam neie Covidgesetz erëm erlaabt, lo huet beispillsweis d'Basketfederatioun FLBB Rekommadatiounen erausginn, fir erëm kënnen ze spillen, mä gläichzäiteg virsiichteg ze sinn. Et misst ee verantwortlech sinn, fir ze vermeiden, datt de Virus sech verbreet an de Sport erëm verbuede gëtt.

Sou solle Spiller, soubal se net méi aktiv um Terrain sinn, e Mask erëm undoen an 2 Meter Distanz zu eneen anhalen, zum Beispill, wa se op der Bänk setzen. Spiller a Coach sollen och virun an no den Aktivitéiten d’Hänn wäschen a Material soll desinfizéiert ginn. All Spiller soll natierlech och just seng eege Fläsch benotzen, fir ze drénken. Am Fall, wou e Spiller Symptomer huet, soll e selbstverständlech kee Sport maachen.

D’FLBB recommandéiert dann och, datt d’Gruppen um Training esou kleng solle sinn, ewéi méiglech, an d’Spiller net sollen gemëscht ginn. D’Ekippe sollen och ëmmer ganz kloer festhalen, wien um Training war.

Am Rapport zum Covidgesetz steet effektiv als Argument fir de Kontaktsport erëm z’erlaben, datt een d’Identitéite vun de Leit kennt an d’Gruppe limitéiert sinn. Doduercher wier den Tracing am eventuelle Fall vun enger Infektioun „einfach“ gemaach ginn.

Ausserhalb vum Terrain gëlle weiderhin déi sanitär Reegelen: Mask unhunn an 2 Meter Distanz anhalen.

All d’Rekommandatioune stinn um Internetsite vun der FLBB.