De Sportsminister schléisst awer net aus, datt Kontaktsport erëm verbuede gëtt, wann d’Zuel vun Neiinfektioune weider staark klëmmt.

Kontaktsport nees erlaabt / De Reportage vum François Aulner

Dat neit Covid-Gesetz ass "e Seeldanz tëscht der Reaktioun op déi beonrouegend Infektiounszuelen an dem Wonsch am Sport an der Kultur e Stéck Normalitéit erëmzekréien", sou de Rapporter, den LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo. Soubal d’Gesetz e Samschdeg a Kraaft trëtt, gi Partyen an aner privat Versammlunge méi strikt gereegelt, Kontaktsport par konter, gëtt erëm erlaabt. D’Gesetz gouf virun 2 Woche geschriwwen a well d’Zuel vun Neiinfektiounen déi lescht Wochen erëm méi staark geklommen ass, kéint d’Regierung dëse Sonndeg erëm nei Restriktiounen decidéieren. Ob de Kontaktsport dann erëm sou séier verbuede gëtt, wéi en erlaabt ginn ass? Dozou seet den LSAP-Sportsminister Dan Kersch: "Et ass iwwerhaapt näischt ausgeschloss".

Vun e Samschdeg u kann theoretesch erëm Kontaktsport gemaach ginn, mä "dat heescht awer net, datt een d’Office alles soll maachen". De Principe de précaution wier nach ëmmer ze beuechten, sou de Minister, deen awer och op d’Konzepter hiweist, déi d’Federatiounen ausgeschafft an un d’Veräiner weiderginn hunn. Dem Dan Kersch sengen Echoen no géingen d’Veräiner awer mat de Virsiichtsmoossnamen "souguer méi wäit goe wéi dat, wat vun uewen erof gerode gëtt". Senger Meenung no kéint ee "raisonablement" erëm Sport maachen, wann een e gesonde Mënscheverstand spille léisst.

Den Dan Kersch

Et ass also de Veräiner iwwerlouss, ze decidéieren, ob se vun e Samschdeg un erëm Kontaktsport organiséieren. Meeschtens ass d’Infrastruktur (d’Halen, d’Schwämmen) an den Hänn vun de Gemengen. An der Hal, am Gank oder am Vestiaire gëllen och nach ëmmer d’Reegelen: Distanz vun 2 Meter anhalen a Mask unhunn. Wat um Terrain oder um Tatami geschitt, dofir sinn d’Veräiner responsabel. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) warnt allerdéngs virun de Risiken an de Konsequenze fir jiddereen, wann eng Persoun sech ustécht. Deemno den Opruff zur Eegeverantwortung: "Ech géing nëmmen jidderengem roden, wierklech en Âme et conscience sech z'iwwerleeën, wat e mécht. Fir sech a fir d’Leit, déi em nostinn Verantwortung ze huelen."

Am Rapport vum LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo iwwert dat neit Covid-Gesetz steet, datt d’physesch Distanz an de Mask fir "Acteuren" am kulturelle Beräich an am Sport net méi z’applizéiere sinn. Mam Argument och déi Persoune géingen a limitéierter Zuel beieneekommen a virun allem wier hir Identitéit bekannt. Doduercher wier den Tracing am Fall vu potentieller viraler Transmissioun "einfach".