De 25 Joer ale Basketspiller lieft zanter 7 Joer an Däitschland a spillt do fir d'Basketekipp vun Tréier an der zweethéchster Liga.

Datt hien elo déi däitsch Staatsbiergerschaft huet, kéint Virdeeler fir den Thomas Grün hunn. Elo zielt hien nämlech net méi als Auslänner a kéint doduerch méi ze spille kréien. Et dierfen nämlech just 3 Auslänner gläichzäiteg um Terrain stoen.

Den Thomas Grün wäert awer weiderhi fir déi Lëtzebuerger Nationalekipp spillen.