An der NBA, der amerikanescher Profi-Basketball-Liga hu sech d'L.A. Lakers an der Nuecht op e Sonndeg fir d'Finall vum Championnat qualifizéiert.

De Club vum Superstar LeBron James huet sech am 5. Match mat 117 op 110 géint d'Denver Nuggets duerchgesat, a wannen d'Halleffinall deemno mat 4-1.

An der Finall kréien d'Lakers et elo entweder mat de Miami Heat oder mat de Boston Celtics ze dinn.