D'Ekipp ronderëm de LeBron James ass elo nëmmen nach zwou Victoirë vum éischte Championstitel zanter zéng Joer ewech.

An der Nuecht op e Samschdeg eiser Zäit gouf an der Finallserie vun der NBA deen zweete Match tëscht de Los Angeles Lakers a Miami Heat gespillt. Um Enn waren et d'Lakers, déi sech déi zweete Victoire geséchert hunn. Zu Orlando huet ee sech mat 124:114 behaapt.

Den Duo James (33 Punkten) an Anthony Davis (32) huet zesummen iwwert d'Hallschent vun de Punkte fir d'Lakers markéiert.

Miami Heat ronderëm den Topscorer Jimmy Butler (25) hu sech dabber gewiert, ma konnten de 16-fache Champion net ophalen.

Den nächste Match an der Best-of-7-Serie gëtt an der Nuecht op e Méindeg um 1.30 Auer eiser Zäit gespillt.