NBA
L.A. Lakers brauche just nach 1 Victoire fir den Titelgewënn

D'Los Angeles Lakers hu sech am 4. Match mat 102:96 géint Miami Heat behaapt, wouduerch et an der Serie best-of-seven elo 3:1 steet fir d'Lakers.
Der Ekipp ronderëm de Basketball-Superstar Lebron James feelt also just nach eng Victoire, fir sech den Titel an der nordamerikanesche Profiliga NBA ze sécheren. Et wier hiren éischten Titel zanter 2010.
De 5. Match gëtt e Samschdeg gespillt.
Am meeschte gelies