An der Nuecht op e Samschdeg eiser Zäit gouf an der NBA dee 5. Match an der Finall vum Championnat gespillt. Eng Decisioun ass nach net gefall.

D'Los Angeles Lakers musse weider op de 17. Titel an den éischten zanter 2010 an der nordamerikanescher Basketball-Profiliga waarden.

An der Nuecht op e Samschdeg haten de LeBrond James a Co am 5. Match d'Chance, fir sech de Championstitel an der NBA fréizäiteg ze sécheren, ma si hu sech géint Miami Heat misse geschloe ginn an dat mat 108:111. Et war bis zum Schluss ganz spannend an ëmmer nees huet an de leschte Minutten d'Féierung gewiesselt.

An der Best-of-seven-Serie hunn d'Miami Heat elo op 2:3 verkierzt.

An der Nuecht op e Méindeg eiser Zäit hunn d'Lakers déi nächst Chance de Sak zouzemaachen. De 6. Match gëtt um 1.30 Auer ugepaff. Sollt et nees eng Victoire fir d'Heat ginn, da kënnt et zu engem decisive 7. Match.