An der Total League am Basket kënnen domadder de Weekend net alleguer d'Matcher gespillt ginn.

Bis ewell hat dës Saison nach kee Match an der Total League am Basket wéinst dem Coronavirus missen ofgesot ginn. Dëse Weekend ass dat elo awer um 4. Spilldag eng éischte Kéier de Fall.

Wéi d'Amicale Steesel op hirem Internetsite bekannt ginn huet, gouf et beim Veräin ee Fall vun enger Corona-Infektioun an doduerch kann de Match vun den Hären e Samschdeg den Owend zu Hesper net gespillt ginn. Och d'Matcher vun der B-Ekipp, vun de Scolaires an de Cadets goufen ofgesot.

De Match vun den Damme vu Steesel gëtt wéi virgesi gespillt.