45 Joer ass hie schonn am Futtballveräin zu Diddeleng aktiv an ass Zanter 2 Wochen ass hien den néie President vum F91.
Mir schwätze vum Gerry Schintgen, deen de Romain Schumacher un der Spëtzt vum F91 ofgeléist huet. Nodeems de Flavio Becca de Club jo finanziell net méi ënnerstëtzt, goufen am Comité d’Weiche fir Zukunft néi gestallt. Den Tom Hoffmann huet sech mam néie President vum F91 ënnerhalen a seet Iech wéi eng Funktioun de Gerry Schintgen am Veräin nach erfëllt.
Sportlech gesinn, leeft et beim F91 den Ament richteg gutt. Dat hätt een am Ufank vun der néier Saison net onbedéngt geduecht.
Den Ament hunn déi Diddelenger e Parcours sans faute opweises. Vläicht ass dat jo och e positiven Nieweneffekt vun der aktueller Situatioun, well de Veräin doduerch manner Drock huet.