D'Partien Diddeleng géint Esch a Musel Pikes zu Bartreng wäerten net gespillt ginn.

Souwuel den T71 wéi och d'Pikes ginn e Freideg op de Covid-19 getest, dat, well et de leschte Weekend beim Match vu béiden Ekippen op der Musel ee positive Fall gouf.

Och Hiefenech géint Hesper steet op wackelege Been. De leschte Weekend war schonns Partie vun Hiefenech géint Konter wéinst engem positive Fall annuléiert ginn.

Den T71 huet eisen Informatiounen no der FLBB proposéiert, fir de Match géint Esch déi aner Woch mëttwochs den 28. Oktober um hallwer 8 zu Diddeleng ze spillen. Dëst muss awer nach vun der Federatioun ugeholl ginn.