3 vu 6 Matcher e Freideg bei den Hären an 1 bei den Dammen hunn am Lëtzebuerger Basketball wéinst dem Covid-19 missen ofgesot ginn.

Fir déi verschidden Annulatiounen, déi et och schonn an de leschte Woche goufen nozehuelen, gëtt et am Spillkalenner ëmmer méi enk. De President vun der Lëtzebuerger Basketballfederatioun Samy Picard wëll jiddwerfalls all Schrëtt mat de Veräiner ofschwätzen, éiert iergend eng fundamental Decisioun geholl gëtt.

Annulatiounen am Basket/Reportage Franky Hippert

Bei der FLBB sondéiert een jiddwerfalls schonn emol fir all Eventualitéiten: "Ee konkrete Plang, fir de Championnat ze ënnerbriechen, gëtt et nach net. Mir hunn awer en Donneschdeg Kontakt mat de Veräiner opgeholl, fir ze kucken, wéi ee sech soll an Zukunft verhalen a wéi eng Mesuren een zesumme soll huelen."

D'Partië vun e Freideg, Hesper-Hiefenech, Diddeleng-Esch a Bartreng-Musel Pikes bei den Hären an Ettelbréck-Diddeleng bei den Dammen hunn duerch de Covid missen ofgesot ginn.

"Duerch Quarantänen an Isolatiounen hu mir de Veräiner recommandéiert, déi Matcher ze verleeën.", esou den FLBB-President.

D'Organisatioun vum Spillplang duerch all déi Annulatiounen, déi et scho goufen, plus déi elo nach bäikommen, gëtt ëmmer méi komplizéiert.

"Do si mer mëttlerweil jo beim engem 1/3 u Matcher, déi verluecht hu misse ginn a wann dat esou weidergeet, da gëtt dee Stock u Matcher, dee muss nogeholl ginn, ëmmer méi grouss an da gëtt et natierlech net einfach, dat Ganzt ze geréieren."

Och bei der Jugend weess een duerch déi ganz Isolatiounen an Quarantänen net wéi et weidergeet.

"Fir de Moment hu mer nach net esou vill Matcher, déi mer musse verleeën, ma ech mengen, et ass nach just eng Fro vun der Zäit."

De Kalenner am Lëtzebuerger Basket war virun den Annulatioune mat 6 duebele Spilldeeg, vu September bis Februar, scho richteg stramm gefëllt, dat ass elo definitiv net besser ginn. Déi aner grouss Federatioune wéi Futtball an Handball wëllen, esou laang et geet an et och erlaabt ass, de Championnat net ofbriechen.

Folgend Matcher an der Total League sinn fir de Weekend (duebele Spilldag) offiziell annuléiert wéinst Covid-Fäll:

Freiden bei den Hären:
Telstar Hesper - US Hiefenech
Sparta Bartreng - Musel Pikes

T71 - Basket Esch

Sonnden bei den Hären:
Basket Esch - Sparta

Freiden bei den Dammen:
Etzella - T71

Gréngewald - Résidence

Sonnden bei den Dammen:
Etzella - Gréngewald