Et muss een elo ofwaarden an da mat allen Acteure kucken, wéi et ka virugoen
Et ass keng einfach Situatioun fir Sportswelt, déi vum Covid-19 dominéiert gëtt.
E puer Stonnen no der Annonce vun der Ausgangsspär vun der Regierung hunn och d’Sportfederatiounen op déi alarmant Zuele vun Neiinfizéierten am Grand-Duché reagéiert. Och wann de Spillbetrib an der héchster Spillklass nach erlaabt ass, huet d’Basketfederatioun e Freiden decidéiert, den duebele Spilldag vun dësem Weekend ofzesoen. Eng Decisioun, déi Konsequenze wäert hunn.
Et war sécher déi richteg Decisioun, d’Matcher vun e Freiden an e Sonnden ze verleeën. Mee och scho virun der Annonce vun der Regierung war den Drock op d'FLBB grouss. Wéinst positive Covid-19-Fäll ware fir de Weekend scho 7 Matcher bei den Dammen an Hären an der Total League ofgesot.
Et wéilt een elo mol waarden, wéi déi nei Recommandatiounen an Texter vun der Regierung ausgesinn, fir da mat all den Acteuren aus dem Basket ze kucken, wéi et an Zukunft kéint virugoen, sou de Samy Picard. Et geet dobäi net nëmmen ëm en neit sanitäert Konzept, mee et gëtt virun allem och ee finanzielle Volet. Wann een de Championnat elo géing fir eng länger Zäit stoppen, misst ee kucken, wéi d'Veräiner mat hiren auslännesche Spiller verfueren. Et géif nach vill oppe Froe ginn an do misst een elo kucken, wéi een dat mécht, fir do e geneet Konzept auszeschaffen.
De Kalenner am Lëtzebuerger Basket war virun den Annulatioune mat 6 duebele Spilldeeg, vu September bis Februar, scho richteg stramm gefëllt. En neie Spillplang ass natierlech lo nach méi eng grouss Erausfuerderung. Et hätt een elo schonns vill Matcher, déi missten nogeholl ginn. Et wier nach net gewosst, ob d'Nationalekipp am November géing spillen, deemno géing ee villäicht do Zäit fannen, fir Matcher nozehuelen. Am grousse Ganze misst een awer elo emol kucken, ënnert wéi enge Konditioun een iwwerhaapt kéint weiderspillen. Kloer wier de Spillplang e grousse Problem, ma do virdru wieren nach aner Saachen ze klären, betount de Samy Picard.
Wéini, wou an ënnert wéi engen Ëmstänn wäert erëm gespillt ginn? Alles Froen, op déi et am Moment keng Äntwerte ginn. An um Enn geet et fir de Samy Picard och net nëmmen ëm d’Ekippen aus der héchster Divisioun, mee ëm all Basketbegeeschterten. Et wier Schued, datt och d'Kanner betraff wieren, erkläert den FLBB-President.
Et misst een elo einfach mol ofwaarden, wei sech déi sanitär Situatioun entwéckelt, fir Decisiounen ze huelen. D’FLBB wäert awer weiderhi mat senge Veräiner zesummeschaffen, fir dee Moment dann och prett ze sinn.