Dat huet d'Lëtzebuerger Basketfederatioun en Donneschdeg am spéiden Owend an engem offizielle Schreiwes matgedeelt.

No der Pressekonferenz vum Sportminister Dan Kersch huet d'Federatioun zesumme mat den 13 Veräiner aus der Total League decidéiert, d'Saison bis Januar ze ënnerbriechen. Eng Majoritéit vun de Presidente war dofir, dëst Joer opgrond vun der Covid-19-Situatioun net méi ze spillen.

FLBB-President Samy Picard am Interview

Eng ausseruerdentlech Generalversammlung mat alle Clibb wäert dofir aberuff ginn, fir ze diskutéieren, wéi d'Saison 2020/21 weidergespillt kann ginn.

Wuel hätt ee kéinte weiderspillen, ma et wëll ee sech solidaresch weisen an eng Verbreedung vum Virus bremsen.

De Kanner- a Jugendtraining wëll een awer weider maachen. Hei sollen d'Veräiner zesumme Konzepter ausschaffen.