Den nächste Samschdeg huet d’FLBB, déi Lëtzebuerger Basketfederatioun, en aussergewéinleche Kongress, fir ze kucken, wéi et am Basket viru geet.

Situatioun am Basket / Reportage Guy Seyler

Vill Depensen, awer keng Recetten: Do stousse vill Clibb un hir Limitten. Also muss gespuert ginn. An dat fänkt bei de Profien un. De Stater Racing huet als éischte Club reagéiert. Si hate sech jo scho fräiwëlleg op een Amerikaner limitéiert. An dee Kontrakt huet de President Georges Berna elo mat schwéierem Häerz opgeléist:

D'Recette fale komplett ewech, d'Sponsore wësse mir nach net wéi se reagéieren. Mir hunn an där Situatioun ganz schnell reagéiert, well mir och an engem Vertrag waren, deen eis dat erlaabt huet. Mir sinn net bereet, dat op d'Spill ze setzen, wat mir jorelaang opgebaut hunn. Dat an enger Saison, wou et an eisen Aen aner Prioritéite ginn, wéi elo ze kucken, wien op- an ofsteigt, wie Champion oder net gëtt.

Hesper an d’Sparta hu sech och scho vun hire Profie getrennt. Fir de Bartrenger President Frank Arendt gouf et keng aner Solutioun:

Hei geet awer definitiv d'Zukunft vir. D'Zukunft vun engem Veräin an duerfir hu mir net gescheit, fir dës onpopulär Moossnamen ze huelen, fir d'Iwwerliewe vum Veräi weiderhin ze sécheren.

Zu Ettelbréck waarde se nach of. De finanzielle Volet mécht dem Manager Jemp Gutenkauf awer Kappzerbrieches:

Verschidde Clibb hu schonn hir Profien heem geschéckt, mir sinn nach am Gaang ze klären, wéi et viru ka goen. De finanziellen Aspekt spillt natierlech eng grouss Roll bei eis zu Ettelbréck. Wann d'Saison soll ouni Zuschauer, ouni Buvette, ouni finanziell Rentréeë virugoen, da gëtt et fir eng Rei Clibb, och fir eis, zimmlech enk bis un d'Enn vun der Saison. 

Beim T71 hoffe se, datt vum Januar un en normale Championnat ka weidergoen. Dat mat hire Profien. Si wieren hire Supporter, hire Sponsoren an och hire Spiller a Spillerinnen dat schëlleg, seet de President Marcel Wagner.

Vu verschiddene Säite gëtt proposéiert, fir d’Saison ganz ouni Profien op en Enn ze spillen.
Fir Hiefenech ass dat keng Léisung. Si hu mam Denell Stephens en Amerikaner, dee mëttlerweil zu Lëtzebuerg a senger 12. Saison ass. Den Nelly huet eng Famill hei gegrënnt a bleift och no senger Karriär hei am Land. Eisen 2. Amerikaner ass heem, seet de President Romain Seiler. Mee et kënnt net a Fro, datt mir den Nelly op d’Strooss setzen. Mir spille mat deem weider.
Dat selwecht gëllt wuel fir de Clancy Rugg vum Champion Esch. Deen déi duebel Nationalitéit huet.

Den Ufank vun der Saison war scho ganz komplizéiert. An de Rescht léisst fir de Frank Arendt och net vill Optimismus zou:

Duerfir menge mir, datt et besser wär, eng Saison blanche ze maachen. Fir d'Pressioun iwwerall erauszehuelen. Déi Ekippen, déi wëlle mat hire Profie weider spillen, kënne selbstverständlech mat hinne weider spillen. Méi schéi wär et, fir déi Kompetitioun nëmmen ënner einheimeschen, lëtzebuergesche Spiller, déi hei zu Lëtzebuerg forméiert gi sinn, ze spillen.

Et däerf ee gespaant sinn, wat e Samschdeg erauskënnt. Am Moment ginn d’Meenunge wäit auserneen.