En Dënschdeg huet d'FLBB de 15-Mann-Kader vun der Härennationalekipp fir d'Lännermatcher dëse Mount zu Bratislava matgedeelt.

De 26. November spillen d'Lëtzebuerger d'Pre-Qualifikatioun fir d'Basket-WM 2023 géint Island an zwee Deeg méi spéit géint d'Slowakei. Fir en Dënschdeg den Owend goufen den éischt vun am Ganzen 12 Traininge fixéiert. De Ben Kovac, den Thomas Grün, den Alex Laurent an den Olivier Vujakovic, déi alle 4 am Ausland spillen, wäerten awer eréischt méi spéit nokommen an dofir net bei all Training present sinn.

Béid d'Matcher ginn an der Slowakei gespillt an d'Lëtzebuerger liewen deen Ament an enger sougenannter "Boule" ouni Kontakt mat anere Leit a si wäerten och 3 Mol op de Covid-19 getest ginn.

De 15-Mann-Kader am Iwwerbléck

Ben Kovac (Den Helder Suns, Holland)
Thomas_Grün (Gladiators Trier, Däitschland)
Ivan Delgado (Etzella Ettelbréck)
Xavier Robert Francois (Résidence Walfer)
Philippe Gutenkauf (Etzella Ettelbréck)
Joe Kalmes (Musel Pikes)
Alex Laurent (Klosterneuburg, Éisträich)
Kevin Moura (T71 Diddeleng)
Oliver Vujakovic (Tirol, Éisträich)
Yann Wolff (Etzella Ettelbréck)
Max Schmit (Hiefenech)
Clancy Rugg (Basket Esch)
Malcolm Kreps (Résidence Walfer)
Mike Feipel (Sparta Bartreng)
Gaetan Bernimont (Racing)

Head coach: Ken Diederich
Assistant coach: Denis Toroman
Team manager / scouting: Pit Rodenbourg
Kiné: Yves De Waha
Team doctor: Leopold Tondeur