D'Basketfederatioun huet verschidden Zenarien ausgeschafft, wéi et kéint virugoen, jee nodeem, wéi d'sanitär Lag sech entwéckelt.

D'Basket-Saison kéint de 16. Januar virugoen, dëst huet d'FLBB en Dënschdeg an engem Schreiwes matgedeelt.

Et ginn 3 verschidde Varianten, wéi de Championnat kéint ausgesinn, ofhängeg vun de Mesuren, déi deen Ament a Kraaft sinn.

Eng weider Optioun ass déi, fir de 6. Februar nees ze starten.

Wann et net méiglech ass, bis de 6. Mäerz unzefänken, géif d'Saison ganz annuléiert an och net validéiert ginn.