De Konschtturner huet Lëtzebuerg vun 1948-1964 5 Mol op den Olympesche Summerspiller vertrueden. Dat huet bis haut nach keen aneren COSL-Athlet gepackt.

En Dënschdeg koum eng traureg Nouvelle aus dem Lëtzebuerger Turnsport. De Josy Stoffel ass am Alter vun 92 gestuerwen.

De Josy Stoffel war zweemol Lëtzebuerger Sportler vum Joer, 1957 an 1960. De sympathesche Sportsmann war och 7 Joer laang Nationaltrainer bei der FLGym an e grousst Virbild fir de bis dato leschte grousse Lëtzebuerger Turner, de Sascha Palgen.

Doud vum Josy Stoffel / Reportage Franky Hippert

De Franky Hippert huet beim Sascha Palgen, dem bis dato leschte grousse Lëtzebuerger Konschtturner, nogefrot, wat hie vu sengem Virbild zeréckbehält.

A leschter Zäit war ze héieren, datt de Josy Stoffel gesondheetlech net méi all ze gutt drop wär. Den Doud vum grousse Lëtzebuerger Sportsmann huet och de Sascha Palgen, deen 2008 op den Olympesche Summerspiller zu Peking dobäi war, déif getraff.

"Ech war richteg traureg. Ech sinn awer och richteg frou, datt ee flott Zäite mat him konnt verbréngen."

Den haut 36 Joer ale Sascha Palgen war 2008 deen éischte Lëtzebuerger nom Josy Stoffel (1964), deen den COSL am Konschtturne bei Olympia vertrueden huet. Et ass deemno jo och kloer, wat de Josy Stoffel fir eng Roll am Liewe vum Sascha Palgen gespillt huet.

"De Josy Stoffel war fir mech e ganz grousst Virbild. Ech hunn e ganzt Liewen drop higeschafft, op d'Olympesch Spiller ze kommen. Ech war eemol dobäi. Hien huet déi Leeschtung während 20 Joer bruecht."

De Josy Stoffel war vun 1948 bis 1964 5 Mol op den Olympesche Summerspiller dobäi. Donieft ass de Konschtturner 4 Mol bei Weltmeeschterschaften a 6 Mol bei Europameeschterschaften ugetrueden. Viru ronn 3 Joer huet de Stoffels Josy seng 90 Joer gefeiert. Deemools war och de Fils vum Josy Stoffel, de Polo dobäi. Fir de Bouf war et net ëmmer evident mat esou Sportler-Elteren, well och d'Mamm Yvonne war eng ganz gutt Turnerin.

"Dat war ganz speziell, ech si bei menger Bom a mengem Bop grouss ginn. Et war awer schonn eppes Extraes, datt d'Mamm an de Papp zu Roum bei Olympia dobäi waren."

De Gilbert Falsetti, dee virun 3 Joer nach President vun der Lëtzebuerger Turnfederatioun war, weess ëm d'Meritte vum Josy Stoffel.

"De Josy Stoffel war och zweemol Lëtzebuerger Sportler vum Joer, 1957 an 1960. Hie war och 7 Joer laang Nationaltrainer bei der FLGym. Säi gréisste Succès op den Olympeschen Spiller am Mehrkampf war 1960 zu Roum eng 18. Plaz ënner 130 Konkurrenten. Eng 5. Plaz op der Weltmeeschterschaft 1950 zu Basel an eng 5. Plaz op der Europameeschterschaft 1955 zu Frankfurt stinn nach als Héichpunkten an de Geschichtsbicher."

A 15 Mol gouf de Konschtturner Lëtzebuerger Champion, och dat ass bis haut nach Rekord. De 27. Juni 1928 gouf de Josy Stoffel zu Déifferdeng gebuer, en Dënschdeg um 9. Mäerz ass hien also am Alter vun 92 Joer fir ëmmer vun eis gaangen.