Nodeems Esch schonns mat iwwer 20 Punkten a Féierung louch, ass d'Etzella wuel nach emol erukomm, ma konnt de Match awer net méi dréinen.

Nodeems e Samschdeg bei den Hären ënnert anerem de Leader Walfer der Amicale keng Chance gelooss huet, stoungen um Sonndeg nach dräi weider Matcher um Programm. Esch klappt Ettelbréck an de Racing ka sech géint d'Sparta duerchsetzen. Bei den Damme gouf nach ee Match gespillt. Hei ka sech Esch géint Contern duerchsetzen.

Härebasket

Etzella Ettelbréck - Basket Esch 82:88 (18:25, 23:21, 11:27, 30:12)

Nodeems béid Ekippen eng intensiv Ufanksphas gewisen hunn, huet sech Esch ënnert dem Impuls vum Clancy Rugg no ronn 6 Minutte mat 19:11 ofgesat. Burgett a Delgado hunn d'Lokalekipp am 2. Véierel erëm méi no un Esch erubruecht, trotzdeem ass ee ma engem Réckstand vu 5 Punkten an d'Paus gaangen.

Och am 3. Quarter war et de Clancy Rugg, deen Esch ugefouert huet an ënnert dem Impuls vum Nationalspiller ass Esch no der Paus dervu gezunn an huet fir eng Virentscheedung gesuergt. Huet een zu dësem Zäitpunkt op allefalls geduecht. An deene leschten 10 Minutten huet sech d'Blat nämlech erëm komplett gedréint a bei Esch ass näischt méi zesumme gelaf. Ettelbréck huet wéi ausgewiesselt gespillt an huet den tëschenzäitlechen Ausgläich markéiert, dat no engem 21 Punkte-Réckstand. Esch ass et awer gelongen, de Virsprong iwwert Zäit ze bréngen a gewënnt mat 88:82 zu Ettelbréck. Um Enn kënnt de Center vun Esch Clancy Rugg op 33 Punkten. Bei der Etzella war den James Burgett mat 16 Punkte beschte Scorer.

Sparta Bartreng - Racing Lëtzebuerg 64:67 (18:21, 15:15, 15:17, 16:14)

Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an et war e Match wou béid Ekippe sech op Aenhéicht géigeniwwer gestanen hunn. Bei der Sparta huet de Pitt Koster de Match an d'Hand geholl, beim Racing waren et béid Amerikaner déi offensiv hire Veräin am Match gehalen hunn. Nodeems sech keng vu béiden Ekippen ofsetze konnt, gewënnt um Enn an enger spannender Partie de Racing mat 67:64 géint Sparta Bartreng.

Hesper - Fiels 61:88 (20:17, 12:26, 13:27, 16:18)

Tabell

Dammebasket

Basket Esch - AB Contern 80:61 (18:19, 26:6, 15:15, 21:21)

Et war eng immens intensiv Partie vu béiden Ekippen. Den Ënnerscheed huet an dëser Partie den 2 Véierel gemaach. Bei Contern ass do net vill zesumme gelaf, weder an der Defensiv, nach manner an der Offensiv. Ganzer 6 Punkte sinn den Dammen do gelongen. Esch huet den Ecart gemaach a Contern konnt sech vun dësem Réckstand net méi zeréckkämpfen, trotz enger gudder zweeter Hallschent.