En Donneschdeg den Owend konnt sech am Basketchampionnat bei den Hären d'Etzella Ettelbréck iwwer eng däitlech Victoire freeën.

D'Hären aus dem Däich hu mat 93:53 géint Hiefenech gewonnen a bleiwen domat ee vun de grousse Favoritten op de Championstitel.

Bei den Damme gouf en Donneschdeg och eng Partie gespillt. Hei konnt sech Contern och däitlech mat 93 op 55 géint d'Sparta behaapten.