E Sonndeg ass fir d'Lëtzebuerger U20-Nationalekipp d'EM zu Sopron an Ungarn op en Enn gaangen.

Beim European Challengers am Basket huet d'Lëtzebuerger U20-Nationalekipp e Sonndeg ëm déi 5. Plaz gespillt. Géint d'Slowakei huet sech d'FLBB-Formatioun allerdéngs misse mat 53:72 (14:23, 18:23, 10:12, 11:14) geschloe ginn, sou datt beim Tournoi an Ungarn um Enn déi 6. Plaz erausgesprongen ass.

Beschte Scorer bei de Lëtzebuerger war den Jayson Stemper mat 17 Punkten.

D'Lëtzebuerger U20-Nationalekipp huet beim Tournoi 3 vu 5 Matcher gewonnen.