Obwuel virum Match géint den Aserbaidjan den Nationaltrainer Luc Holtz kuerzfristeg vill Spiller huet missten ersetzen, gouf et trotzdeem eng verdéngte Victoire. E Samschdeg waart méi e staarke Géigner op d’Rout Léiwen. E Géigner, deen un d’Qualifikatioun gleeft.
Kloer ass, datt, fir déi 3 Punkten ze kréien, d’Rout Léiwen e Mëttwoch enorm vill Energie hu missten investéieren.
D’Serben dogéint haten e Frëndschaftsmatch géint de Katar.
Vill Absencen a bestëmmt méi Middegkeet, dat sinn e bësse méi problematesch Virzeechen op physeschem Plang fir de Luc Holtz.
D’Serben hu 7 Punkten, d’FLF-Selektioun huet der 6. Déi gutt Resultater, d’Euphorie vun der Première um neien Terrain, dat sinn Elementer, déi fir d’Lëtzebuerg spillen.
De Sébastien Thill weess, datt virun allem beim Géigner vun e Samschdeg e puer Spiller d’Differenz kënne maachen. De Kapitän vun der FLF-Selektioun Laurent Jans hëlt déi positiv Energie mat vum Aserbaidjan-Match, mee wëll déi zwee Géigner net vergläichen.
Fir d’Première um Stade de Luxembourg war de Maxime Chanot gespaart. De Profi vu New York ass nees disponibel.
Ob de Mica Pinto, dee sech e Mëttwoch blesséiert hat, spille kann, ass nach eng Inconnu. Spiller a Staff sinn awer optimistesch.
Um 19 Auer e Freideg den Owend hat d’FLF-Selektioun Training am Stadion Rajko Mitic zu Belgrad.
De Match tëscht Serbien a Lëtzebuerg gëtt live op RTL ZWEE an op RTL.lu iwwerdroen.