Handball
Käerjeng steet am 2. Tour vum EHF European Cup

© RTL Télé Lëtzebuerg
De Veräin aus dem Grand-Duché huet de Retourmatch géint Vellaznimi mat 36:26 gewonnen.
Käerjeng steet am 2. Tour vum EHF European Cup. De Veräin aus dem Grand-Duché huet no der klorer 32:23-Victoire am Allersmatch och de Retourmatch virun den eegene Spectateure géint Vellaznimi aus dem Kosovo verdéngt gewonnen. No 60 Minutten huet ee sech mat 36:26 behaapt. An der Paus louchen déi Käerjenger mat 16:13 a Féierung.
Am Oktober waart an der 2. Ronn Focsani Municipal aus Rumänien op Temelkov a Co.
Am meeschte gelies