Lëtzebuerg verléiert Testmatch géint d'USA
Am Virfeld vum Galamatch Däitschland géint Portugal huet déi Lëtzebuerger Handballnationalekipp e Freideg ee Frëndschaftsmatch géint d’USA gespillt.
No 60 Minutte stoung et viru 750 Spectateuren am Frëndschaftslännermatch tëscht der Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp an der US-amerikanescher Nationalekipp 30:24 fir d’USA. Virun 2 Joer goufe géint dee selwechte Géigner eng Victoire an eng Defaite notéiert. Et hat ee sech deemno e bësse méi erwaart. Et ass net ze verkennen, datt d’Spiller aus den USA déi lescht 2 Joer däitlech Progrèse realiséiert hunn.
D’Rout Léiwen hu bis d’Paus virun allem defensiv net gutt gespillt. An der Paus waren d’USA 16:12 vir. Nom Säitewiessel goung et änlech weider. Och an der Attack goufe phaseweis ze vill Feeler gemaach. Den Ecart zugonschte vun de Visiteuren ass geklommen. An der Schlussphas war d’FLH-Selektioun eppes méi aggressiv a konnt den Ecart nees e bësse reduzéieren. Um Enn gouf et awer eng 24:30 Néierlag fir d'Lëtzebuerger.
De beschte Lëtzebuerger Marqueur war den Tommy Wirtz mat 7 Goler.
De Retourmatch géint d’States ass e Samschdeg vun 18 Auer un.
E Freideg den Owend war dann awer och nach den Héichpunkt vun de Festivitéite ronderëm de 75. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun. Tëscht Däitschland a Portugal gouf ee Galamatch organiséiert. Hei huet d'DHB-Formatioun sech mat 30:28 duerchgesat.