Däitschland wënnt Galamatch géint Portugal mat 30:28
E Freideg Owend war den Highlight vun de Festivitéiten am Kader vun de 75 Joer vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.
Et war dat de Galamatch tëscht dem fréiere Weltmeeschter Däitschland a Portugal.
Viru ronn 1800 Spectateuren an no 60 intensive Minutten huet Däitschland mat 30:28 gewonnen.
Den Niveau war wéi erwaart ganz héich. No enger Véierelsstonn waren d’Spiller vum DHB 9:6 vir.
Eis däitsch Noperen hu virun allem aus dem Réckraum richteg iwwerzeegt a waren no 21 Minutte 6 Goler am Avantage. An der Paus stoung et 18:13 fir Däitschland.
Nom Säitewiessel waren d’Spiller vum Alfred Gislason phaseweis 9 Goler vir. Si hu ganz kompakt verteidegt. Portugal huet sech net opginn an huet sech am leschten Drëttel vum Match nach emol vu senger beschter Säit gewisen. No 53 Minutte war et nëmme méi eng Differenz vun engem Gol fir Däitschland. D’Ambiance war topp an den Niveau natierlech och. Däitschland konnt den Avantage nees ganz liicht erhéijen, fir mat 2 Goler Ecart ze gewannen.
Virum Galamatch hat d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp een Testmatch géint d'USA gespillt. D'FLH-Formatioun huet sech hei misse mat 24:30 geschloe ginn.