2 Traineren aus der Axa League sinn och Nationaltrainer
Den Trainer vum HB Diddeleng ass gläichzäiteg Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp an den Trainer vu Käerjeng ass och Trainer vun der Belsch.
Lëtzebuerg huet virun 10 Deeg 2 Mol géint d’Belsch en offizielle Lännermatch gehat. De leschte Weekend huet Käerjeng géint Diddeleng am Championnat gespillt an déi 2 Trainer hu schonn nees géintenee gespillt.
Den Nikola Malesevic kënnt aus Bosnien Herzegowina an huet laang a Frankräich gespillt, ier en op Diddeleng koum. Zousätzlech zu senger Coach-Tätegkeet zu Diddeleng ass hien och Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp am Handball. Géint d’Belsch haten d’Lëtzebuerger viru Kuerzem den 1. Match däitlech verluer an eigentlech hu se och e bësse verluer géint déi belsch Taktik gewierkt. Déi belsch Taktik huet doranner bestanen, fir am Ugrëff de Golkipp aus dem Gol ze huelen an duerfir e 7. Feldspiller anzesetzen. Zwar en eidele Gol, awer duerfir ee Spiller méi am Ugrëff. Eigentlech hätten d’Lëtzebuerger den Trick aus dem Championnat misste kennen.
De Käerjenger Trainer, deem seng Originnen am Senegal leien, deen awer säi Liewen a Frankräich mécht, war schonn 2 Mol belschen Trainer an ass et elo fir d’Drëtt. Mat Käerjeng huet hien och Ambitiounen. De Match géint Diddeleng huet Käerjeng gewonnen, dat ouni den Trick mat de 7 Feldspiller.
Iwwregens am 2. Match hat Lëtzebuerg géint d’Belsch gläichgespillt.