Sarah de Nutte ass den Ament a richteg gudder Form

© pressphoto Archiv
Déi leschte Woch huet Dëschtennisspillerin nämlech géint eng vun de beschte Spillerinne vun der Welt gewonnen.
Elo ass d'Lëtzebuergerin bei engem Tournoi zu Singapur am Asaz. An hei steet d'Sarah de Nutte no zwou Victoiren an der Qualifikatioun elo nees am Haapttableau an dee fänkt e Freideg un. Bei der Auslousung hat d'Bronzemedailegewënnerin op der WM am Dubbel keng Chance.
"Ech spille géint d'Hina Hayata, d'Nummer 6 op der Welt. Et huet am Dubbel op der WM Sëlwer gewonnen. Et ass eng Lénkshännerin, et huet gutt Opschléi. Ech hunn nach ni géint hatt gespillt, mee ech kucken him gären no. Ech hunn hei schonns gespillt an hatt nach net. Ech hoffen, datt ech doduercher ee klengen Avantage hunn an ech wäert alles ginn, fir de Match ze gewannen."
Datt dee Match méi wéi schwéier gëtt, läit op der Hand. D'Sarah de Nutte hofft awer, datt et vun der positiver Spiral vum Tournoi zu Muskat am Oman ka profitéieren. Schliisslech gouf et do eng Victoire am éischten Tour géint d'Nummer 12 op der Welt.
"Ech hat ni erwaart, datt ech géif 3:0 géint hatt gewannen. Wann ech kucken, géint wien hat schonns alles gewonnen huet, dann ass 3:0 schonns staark. Et huet mir och gewisen, datt ech a gudder Form sinn. Och den Tour duerno hunn ech géint eng Chinesin gespillt. Do hunn ech 1:3 verluer. De leschte Saz 13:15. Ech hat Sazball. Et war déi éischte Kéier iwwerhaapt, wou ech geduecht hunn, datt ech géint eng Chinesin ka gewannen."
Zu Singapur spillt d'Sarah de Nutte och nach den Dubbel mma Ni Xia Lian. Duerch d'Weltranglëscht Positioun hu si am éischten Tour ee Fräilous.