Den HC Bierchem setzt sech mat 29:27 zu Esch duerch. Diddeleng klappt Miersch ouni Probleem mat 36:21. Esch huet just nach ee Punkt Avance op d'Red Boys.

Härenhandball

Titelgrupp

Am Topmatch vum 7. Spilldag am Titel-Playoff huet sech Bierchem mat 29:27 zu Esch duerchgesat an dem Tabelleleader domat eng empfindlech Néierlag zougefüügt. Esch war mat engem 4:0 an de Match gestart, mee den HCB konnt sech bis zur Mëtt vun der éischter Hallschent nees eruntaaschten a sech bis zur Paus en Ecart vun dräi Goler (11:14) erausspillen. Nom Säitewiessel waren et déi Escher, déi den Ecart erëm gutt gemaach hunn. D'Schlussminutte waren immens spannend, mee um Enn waren déi Bierchemer déi méi clever Ekipp.

Am zweete Match vum Owend hat DiddelengMiersch op Besuch. Hei haten d'Gäscht de bessere Start an hunn et dem HBD bis zur Paus net einfach gemaach. Diddeleng huet fir all Gol musse kämpfen a Miersch ass weider dru bliwwen, sou ass et mat 15:13 fir Diddeleng an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent huet den HBD säi Virsprong kontinuéierlech ausgebaut, och well Miersch déi lescht zéng Minutte just nach 1 Gol geworf huet. Um Enn housch et am Centre René Hartmann 36:21 fir d'Lokalekipp.

E Freideg hate sech d'Red Boys Déifferdeng mat 38:31 géint den Noper vu Käerjeng duerchgesat an haten déi Escher domat ënner Drock gesat. Elo läit den Ecart just nach bei engem Punkt.

Spillplang Hären

Relegatioun

An der Relegatioun gouf et Victoirë fir déi favoriséiert Ekippen: Rëmeleng - Réiden 47:15, Schëffleng - Bieles 43:15, Standard - Péiteng 30:22. Am Match Bartreng géint de Museldall stoung et um Schluss 28:28.

Um Freideg hat Péiteng sech mat 24:27 zu Rëmeleng musse geschloe ginn.

Relegatioun Hären

Dammenhandball

Titelgrupp

Am Titelgrupp bei den Damme war dëse Weekend Paus, well d'Nationalekipp zwee Frëndschaftsmatcher géint Italien gespillt huet.

Spillplang Dammen

Relegatioun

An der Relegatioun bei den Dammen huet Réiden duerch e Forfait 20:0 géint Schëffleng gewonnen. An der zweeter Partie huet sech Bieles mat 35:19 géint Miersch duerchgesat.

Relegatioun Dammen