Lëtzebuerg verléiert och zweete Frëndschaftsmatch

© Serge Olmo
Nodeems d'Dammennationalekipp um Freideg mat 13:25 géint Italien verluer hat, gouf et um Samschdeg eng 23:33-Néierlag.
D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet dëse Weekend zwee Frëndschaftsmatcher géint Italien gespillt. Am éischte Match um Freideg huet et um Schluss 13:25 aus Siicht vun de Roude Léiwinne geheescht, woubäi si an der zweeter Hallschent just véier Goler geworf haten.
Am zweete Match um Samschdeg hunn d'Lëtzebuergerinnen am Ufank an der Defense besser gestanen an och am Ugrëff hunn d'Wërf aus dem Réckraum gesiess. Den Niveau vum zweete Match war méi héich wéi nach an der éischter Partie. An der Paus huet et 16:13 fir d'Gäscht aus Italien geheescht.
An den zweeten 30 Minutten huet Lëtzebuerg wuel musse labber loossen, mee d'Performance war besser wéi am éischte Match. Op Lëtzebuerger Säit hunn d'Tina Welter mat sechs an d'Dea Dautaj mat fënnef déi meescht Goler markéiert.