
Bei den Häre stoungen zwee Matcher am Championnat um Programm.
Am Titel-Playoff stounge sech d’Red Boys a Käerjeng géintiwwer. An der Paus war de Favorit vun Déifferdeng mat 20:16 vir. Käerjeng huet versicht matzehalen, ma um Enn ass et mat 38:31 net duergaangen, fir sech géint déi Déifferdenger duerchzesetzen. D’Red Boys si lo just nach ee Punkt hannert dem Leader Esch.
Esch spillt e Samschdeg am Spëtzematch géint Bierchem.
Relegatioun
An der Partie Rëmeleng géint Péiteng stoung et an der Paus 15:14 a Rëmeleng huet sech um Enn och mat 27:24 duerchgesat.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball