No de Competitiounen an de Knéibeugen, dem Bänkdrécken an dem Kräizhiewe koum de Mark Notschaele op 650kg, wat am Total duergaangen ass fir d'Sëlwermedail.

Bei de Masters Powerlifting Weltmeeschterschaften zu St Johns am Kanada huet de Mark Notschaele sech d'Sëlwermedail an der Kategorie -120 kg Master II (50 bis 59 Joer) geséchert.

An der Knéibeuge huet hie mat 230 kg ugefaangen an huet dunn op 240 gesteigert an am 3. Versuch sech un 250 kg erugetraut an déi och gemeeschtert.

Am Bänkdrécken huet de Mark Notschaele am 1.Versuch 155 kg gepackt. Am 2. Versuch huet hien 160 kg opleeë gelooss an déi och ganz gutt gemeeschtert. Am 3. Versuch huet hie sech un 165 kg erugetraut, déi awer net gepackt.

Am Kräizhiewen huet de Lëtzebuerger mat 240 kg ugefaangen an och gepackt. Dunn huet hien 255 opleeë gelooss (neie Lëtzebuerger Masters II Rekord), déi him dunn awer am leschte Moment aus der Hand gefall ass. D'Widderhuelung mat 255 kg am 3. Versuch sollt och net geléngen.

Am Total huet de Mark Notschaele 650 kg gehuewen, koum an allen Eenzeldisziplinnen an d'Top3 an huet sech esou d'Sëlwermedail geséchert an domat de Vize-Weltmeeschtertitel geholl.