Fir Luerenzweiler war et den éischten Titel iwwerhaapt an der Coupe. An enger serréierter Finall konnt ee Bartreng am decisive Saz schloen.
Den éischte Saz goung mat 25:20 kloer u Luerenzweiler. Déi 2. Manche war equilibréiert, bis Bartreng beim 21:17 op 4 Punkten dovugezunn ass. De Virsprong ass duergaangen a Bartreng huet nom 25:21 an de Sätz ausgeglach.
D’Confiance war elo op der Säit vun de Bartrenger, déi am nächste Saz vun Ufank u vir waren. Beim 19:14 hat Bartreng 5 Punkte Virsprong, Luerenzweiler koum awer op 17:19 erun. Déi Avance vun 2 Punkten huet fir Bartreng och net gehalen a bei 24:24 stounge béid Ekippen nees gläich. Luerenzweiler hat elo dee méi laangen Otem a konnt sech mat 27:25 duerchsetzen.
Am 4. Saz huet Bartreng nees zréckgeschloen a sech dee mat 25:22 geséchert. Bei den Hären ass d’Decisioun deemno och am 5. Saz gefall. An dee goung mat 15:9 u Luerenzweiler.
D’Gym huet d’Coupe bei den Damme fir déi 12. Kéier an der Veräinsgeschicht gewonnen. An der Finall konnt een en 0:2-Réckstand an de Sätz géint Walfer nach dréinen.

Den éischte Saz war bis bei de Stand vu 6:6 ausgeglach. Duerno konnt Walfer sech ofsetzen a louch 16:8 vir. Walfer huet dee Virsprong net méi hierginn a sech mat 25:18 duerchgesat.
D’Gym huet an der Suite besser gespillt a goung am 2. Saz 8:2 a Féierung. Walfer konnt awer reagéieren a war beim 14:12 nees 2 Punkte vir. D’Gym war nees vum Rullo a Walfer konnt d’Avance op 19:14 schrauwen. Déi 2. Manche goung um Enn kloer mat 25:15 u Walfer.
Den 3. Saz war ausgeglach éier d’Gym beim 17:14 dräi Punkte vir louch. D’Gym huet d’Avance op 7 Punkten ausgebaut an huet sech deen Avantage net méi huele gelooss. Mat 25:17 goung dee Saz un d’Bounewegerinnen.
Walfer huet elo guer net méi an d’Spill fonnt an de 4. Saz goung kloer mat 25:10 un d’Gym.
Decisioun ass am leschte Saz gefall an dee goung mat 15:12 un d’Gym. D’Gym war schonn 9:1 vir, mee Walfer koum op 9:11 erun. Damme vu Bouneweg hate méi staark Nerven an hu sech duerchgesat.