Zu Bartreng gouf et fir d'Damme vum T71 eng souverän Victoire. Am Tabellekeller huet sech Esch duerch e gudde leschte Véierel géint Wolz behaapt.

Am Championnat bei den Damme stoung um Sonndeg den 8. Spilldag um Programm.

D'Sparta hat doheem géint den T71 Diddeleng keng Chance an huet mat 65:91 (16:24, 17:22, 16:23, 16:22) de Kierzere gezunn. Trotz der ustrengender Victoire am EuroCup géint Namur um Donneschdeg, war Diddeleng direkt am Match an huet vill Bäll am Kierfchen ënnerbruecht. D'Heemekipp huet probéiert dogéint ze halen, mee de Géigner hat offensiv ëmmer eng Äntwert. An der Paus war Bartreng scho mat 13 Punkten hannen. Ënnert dem Impuls vum Nadia Mossong a Faith Etute ass den T71 och an der 2. Hallschent um Drécker bliwwen an huet sech Punkt fir Punkt weider ofgesat. Ënnert dem Stréch huet Diddeleng eng verdéngte Victoire gefeiert. D'Ekipp vum Jérôme Altmann bleift weiderhin ongeschloen an dëser Saison.

Zu Ettelbréck huet sech d'Etzella misse mat 77:83 (26:32, 15:12, 20:23, 16:16) géint d'Résidence geschloe ginn. Walfer war am 1. Véierel besser am Match a konnt sech eng 6-Punkten-Avance erausspillen. D'Heemekipp hunn d'Gäscht awer net fortzéie gelooss. Am 2. Quarter, wou béid Defensë besser am Match waren, konnten déi Ettelbrécker de Réckstand bis zur Paus op 3 Punkte verkierzen. Nom Säitewiessel waren d'Gäscht liicht besser a si hunn den Ecart nees op 6 Punkten ausgebaut. De leschte Véierel war equilibréiert, mee d'Heemekipp konnt de Réckstand net méi ophuelen, soudass et bei der knapper Victoire fir Walfer bliwwen ass.

D'Amicale huet sech iwwerdeems kloer mat 89:64 (19:11, 23:21, 17:11, 30:21)  géint d'Musel Pikes duerchgesat. Vun Ufank un huet Steesel Gas ginn an d'Pikes net an de Match komme gelooss. Nodeems d'Heemekipp nom 1. Véierel mat 8 Punkten am Avantage war, louch de Virsprong an der Paus bei 10 Punkten. Och nom Téi hunn d'Gäscht am Spill no vir ze vill leie gelooss an et ass mam Score vun 59:43 an de leschte Véierel gaangen. D'Amicale huet net labber gelooss an de Match verdéngt mat 25 Punkte Virsprong fir sech entscheet.

Am Kellerduell huet de Basket Esch mat 82:76 (21:23, 17:19, 22:21, 22:13) géint Wolz d'Iwwerhand behalen. D'Gäscht waren an der 1. Hallschent liicht besser a konnten déi 2 Véierele knapp fir sech entscheeden. Och no der Paus war d'Partie ausgeglach a Wolz war weiderhi mat 3 Punkte vir. D'Heemekipp huet am leschte Quarter de Match gedréint an den 2. Succès vun der Saison gefeiert.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Resultater Dammen