Souveräne Succès fir den T71 Diddeleng zu Namur

© Tom Hoffmann
No der däitlecher 47:71-Defaite vum Gréngewald am éischte Match vun der Gruppephas, hunn d'Damme vum T71 Diddeleng sech mat 72:60 zu Namur behaapt.
Um Donneschdeg huet Diddeleng zu Namur gutt an de Match fonnt a war séier mat 10:2 vir. 70 Lëtzebuerger Spectateuren hunn d'Diddelenger Dammen an der Hal ënnerstëtzt. Namur Capitale ass op 13:13 erukomm. Et sollt awer déi leschte Kéier de Fall sinn, datt de Match ausgeglach war. An der Suite hunn d'Lëtzebuergerinne bis d'Paus dominéiert. Um Enn vum éischte Véierel stoung et 22:16 fir den T71 Diddeleng. Am 2. Quarter hunn d'Gäscht just 4 Punkte vun de Belsch zougelooss, soudass mat engem 40:20 aus Diddelenger Siicht d'Säite gewiesselt goufen. D'Shalonda Winton hat zu deem Zäitpunkt scho 14 Punkte markéiert. E weidere Pluspunkt vun der Ekipp vum Jérôme Altmann war, dass d’Catherine Mreches a Co. nëmmen 2 Fauten un der Tafel stoen haten. De Coach vun Namur war verständlecherweis wéineg zefridde mat der Prestatioun vum 18-fache belsche Champion.
An déi gutt gefëllten Hal Octave Henry huet an der Suite en anert Gesicht vun Namur gewise kritt. No der Paus ass et fir déi Diddelenger am Ugrëff net méi sou flësseg gelaf a Namur huet vir méi Bäll am Kierfchen ënnerbruecht. Namur huet de Retard vu Minutt zu Minutt verkierzt an hat e richteg gudde Laf. Nom 3. Véierel war den T71 beim 56:43 nach 13 Punkten am Avantage. Am leschte Quarter huet Diddeleng awer nach emol dogéint gehalen. Et ass hin a hir gaangen an d'Heemekipp huet et net fäerdegbruecht, de Réckstand op manner wéi 10 Punkten ze verkierzen. Um Enn huet sech den T71 verdéngt mat 72:60 zu Namur duerchgesat.
Am nächste Match vum Eurocup spillt den T71 Diddeleng den 3. November doheem géint Fribourg aus der Schwäiz.
Cadi La Seu - Gréngewald 71:47
Um Mëttwoch gouf et fir de Gréngewald dogéint eng 47:71-Néierlag a Spuenien géint Cadi La Seu.
Direkt am éischte Véierel huet d'Heemekipp kloer gestallt, datt si dës Victoire wëllen doheem halen, dat mat engem Avantage vu 24:7. Am zweete Quarter huet de Gréngewald am Ugrëff besser getraff, dëst d'Kéier 14 Punkten, an der Defense awer ware et mat 22 erlaabte Punkte just liicht besser. Esou haten d'Lëtzebuerger Dammen an der Paus e Réckstand vu 21 op 46.
Am drëtte Véierel huet Cadi La Seu e bësse méi lues gemaach an d'Damme vum Gréngewald konnten doduerch duerch en 16:12 hire Réckstand liicht verkierzen. Am leschte Quarter hunn d'Spuenierinnen awer nees dominéiert an dëse mat 13 op 10 gewonnen. Um Enn stoung et 71:41 fir d'Spuenierinnen.