D'US Amerikanerin gewënnt domat déi éischt zwee Slalom-Weltcups a bestätegt scho frei an der Saison hier gutt Form. 

D'Mikaela Shiffrin beweist scho frei an der Saison dass de Gesamtweltcup just iwwert d'US Amerikanerin ka lafen. Sie gewënnt de Slalom zu Levi a Finnland mat enger Zäit vun 1:52:21 virun der Schwäizerin Wendy Holdener (1:52:49). Op déi 3. Plaz klasséiert sech d'Slowakin Petra Vlhová (+0,68 Sekonnen).

Fir d'Mikaela Shiffrin war et dee 76. Erfolleg am Weltcup. Wéi och e schonn e Samschdeg fiert d'Lena Dürr op déi ondankbar 4. Plaz.

Déi nächste Statioun am Weltcup ass dann zu Lake Louise a Kanada.