Dat huet ënner anerem dem Flavio Giannotte d’Méiglechkeet ginn, unzetrieden. Punkten an der Ranglëscht kënnen awer nëmmen U23 an drënner kréien. An trotzdeem ass de Flavio Gianotti héich motivéiert, fir e gutt Resultat hei heem z’erreechen an Erfarungen an der Perspektiv Olympesch Spiller ze sammelen.
D’Anna Zens ass am leschte Joer Juniorin a probéiert an där Kategorie nach de Maximum erauszeschloen. Duerno heescht et dann, Erfarungen ze sammelen am Seniorsberäich a laangfristeg gesinn, stinn d’Olympesch Spiller am Agenda. Zanter engem Joer trainéiert d’Anna Zens mam Imke Duplitzer, Sëlwermedaille Gewënnerin op den Olympesche Spiller zu Rio, a probéiert Studium an Training ënnert een Hutt ze kréien.
E Sonndeg geet et da viru mat der direkter Eliminatioun an de Finallen am nationale Fechtzenter um Lampertsbierg.