
© BELGA/AFP/NICOLAS MAETERLINCK
Nodeems déi belsch Futtballnationalekipp am WM-Match géint Marokko verluer hat, koum et an der Haaptstad Bréissel zu Ausernanersetzunge mat Gewalt.
"E puer Dose Persounen" hunn der Police no e Sonndeg am Nomëtteg an der Stad fir Zodi gesuergt a Sécherheetspersonal attackéiert.
Scho virum Enn vum Match sollen d'Randaléierer Sträit mat der Security gesicht hunn, wouduerch "d'ëffentlech Sécherheet a Gefor bruecht" gouf. E Journalist wier duerch e Knuppert am Gesiicht blesséiert ginn, wouropshin d'Police d'Waasserwerfer an Tréinegas agesat hunn.
Nieft Pyrotechnik gouf och mat Bengelen op d'Poliziste geschoss. Anere hunn eng Strooss a Brand gesat an eng rout Luucht zerstéiert. Am Ganze waren 100 Beamten am Asaz.
D'Police huet d'Awunner opgefuerdert, verschidden Deeler vun der Stad ze meiden an eng Partie Metro-Statiounen a Stroosse goufe gespaart, fir Mënschemassen z'evitéieren.