Déi 33 Joer al Olympiagewënnerin aus Däitschland huet en Donneschdeg domat déi éischt Victoire fir dës Saison gefeiert.

D'Denise Herrmann ass um Schéissstand feelerfräi bliwwen an huet domat de Grondsteen fir hir Victoire geluecht. Déi zweete Plaz war fir d'Tschechin Marketa Davidova op 18 Sekonnen, de Podium gouf komplettéiert vum Julia Simon aus Frankräich, déi e Retard vun 20 Sekonnen hat. Souwuel d'Davidova wéi och d'Simon hu sech um Schéissstand ee Feeler geleescht an hu missen eng Strofronn absolvéieren.