D'Kroatesch Supporter hunn hir Ekipp zolidd ënnerstëtzt
Fir déi ronn 1.500 Kroaten zu Lëtzebuerg war den Halleffinall-Match géint Argentinien e ganz besonnesche Rendezvous.
En Dënschdeg war den Optakt vun den Halleffinallen op der Futtballweltmeeschterschaft am Katar an do konnt sech Argentinien mat 3:0 géint Kroatien duerchsetzen. Fir déi ronn 1.500 Kroaten zu Lëtzebuerg war dëse Match natierlech eppes ganz Besonnesches. De Sam Rickal huet sech mam fréiere BGL Ligue-Spiller Dario Maric an engem Café zu Käerjeng ënnert déi kroatesch Supporter gemëscht.
Den Dario MARIC koum wéinst dem Jugoslawien-Krich op Lëtzebuerg stoung iwwer 100 mol an der BGL-Ligue um Terrain
113 Matcher huet den Dario Maric, deen esouwuel déi kroatesch ewéi och d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet, an der BGL-Ligue gespillt a stoung dobäi ënner anerem fir Déifferdeng, Gréiwemaacher a Péiteng um Terrain. Am Alter vun 10 Joer ass hien, deen zu Dubrovnik am Süde vu Kroatien gebuer ass, ugangs vun den 90er Joren op Lëtzebuerg komm. Mat sou munche vun senge Landsleit huet hie sech an engem Café zu Käerjeng getraff, fir d’Halleffinall géint Argentinien ze suivéieren. Hie gesäit d'Entwécklung vum kroatesche Fussball iwwert déi lescht Joren ganz positiv.
De Match war dann och laang ausgeglach, bis Argentinien no enger décker hallwer Stonn een Eelefmeter fir sech gepaff krut a mat 1:0 duerch de Messi a Féierung goung. 5 Minutten méi spéit ass dunn den 2:0 gefall. Vun Trauregkeet war an der Paus awer näischt bei de kroatesche Supporter ze gesinn.
20 Minutte viru Schluss huet den Alvarez fir d’3:0-Schlussresultat fir Argentinien gesuergt. Trotz deem ze héije Resultat sinn déi kroatesch Supporter houfreg op d’Leeschtung an de Parcours vun hirer Nationalekipp.
Fir d'Kroaten ass d'WM awer nach net eriwwer. E Samschdeg ëm 4 Auer kréie si et am Match ëm déi 3. Plaz entweder mat Frankräich oder Marokko ze dinn.