Wéi de Veräin op Facebook schreift, géif de Ricky Bentz aus perséinleche Grënn vum Trainer-Poste vun der éischter Ekipp zerécktrieden.

Domadder war d'Victoire vun de Schëfflenger géint Bieles de leschte Match vum Bentz als Trainer beim HBC. Wien de Posten op der Bänk vu Schëffleng am neie Joer wäert iwwerhuelen, ass aktuell nach net gewosst.