Basket
Mam Filipe Abreu an Alain Schaeffer huet den AS Zolwer en neien Trainer-Duo

© AFP Archivbild
E gudde Mount nodeems den Zolwer Basket sech vum Trainer Carlo Ferrante getrennt huet, ass et elo d'Nouvelle, dass d'Trainerposten nei besat sinn.
De Filipe Abreu an den Alain Schaeffer trainéiere vun elo u souwuel déi éischt Ekipp bei den Häre bis d'Enn vun der Saison, ma och d'Dammen. De Barber William, dee bis elo den Interim garantéiert hat, bleift Fitness-Coach.
Dann ass et nach d'Nouvelle, dass d'Dammenekipp mam Grissett E'Lisa Ariel verstäerkt gëtt. Si kënnt vun der Universitéit vu South Carolina op Zolwer.
Am meeschte gelies