
© ANTHONY WALLACE / AFP
An der Finall setzt d'Belarussin sech mat mat 4-6, 6-3 a 6-4 géint d'Jelena Rybakina aus Kasachstan duerch.
An domadder suerg d'Sabalenka fir eng Nouveautéit. Si ass nämlech déi éischte Tennisspillerin, déi e Grand-Slam-Tournoi ënnert neutralem Fändel gewënnt. Wéinst dem Krich an der Ukrain dierfe russesch a belarussesch Sportler a Sportlerinnen net an hire Landesfaarwen an Australien untrieden.
Hir Géignerin Rybakina ass zu Moskau op d'Welt komm, trëtt awer schonn zanter 2018 fir de Kasachstan un.
Am meeschte gelies