Mat engem knappen 1:0 bleiwen d'Katalanen weider un der Tabellespëtzt a setzen de Real Madrid domat e Sonndeg ënner Drock.

Am internationale Futtballchampionnat gouf et e Samschdeg an Italien eng 2:1-Victoire fir Inter Mailand, a Frankräich en 1:1 tëscht Troyes a Lens an a Spuenien huet den FC Barcelona seng Aufgab géint den FC Girona mat engem 1:0 erfëllt.

Serie A

Empoli - FC Turin 2:2
1:0 Luperto (37'), 2:0 Marin (69'), 2:1 Ricci (82'), 2:2 Sanabria (85')

Cremona - Inter Mailand 1:2
1:0 Okereke (11'), 1:1 Martinez (21'), 1:2 Martinez (65')

Ligue 1

Troyes - Lens 1:1
1:0 Larouci (50'), 1:1 Thomasson (88')

La Liga

Girona - FC Barcelona 0:1
0:1 Pedri (61')

Den FC Barcelona huet seng Aufgab zu Girona mat enger knapper 1:0-Victoire erfëllt. D'Lokalekipp konnt gutt dergéinthalen an huet et dem aktuellen Tabelleleader net einfach gemaach. An der 61. Minutt ass et de Katalanen da gelongen a Féierung ze goen. Den Alba konnt hei fir de Pedri opleeën, dee mat sengem Gol um Enn déi dräi wichteg Punkten am Duell ëm de Championstitel geséchert huet.

FC Sevilla - Elche 3:0
1:0 En-Nesyri (29'), 2:0 Acuna (43'), 3:0 En-Nesyri (45+4')