Haut de Mëtteg goufen d’Julie Meynen an de Raphael Stacciotti geéiert fir hier Verdéngschter fir de Schwammsport.
Haut de Mëtteg goufen d’Julie Meynen an de Raphael Stacciotti geéiert fir hier Verdéngschter fir de Schwammsport. Hiren Abschid vun der Kompetitioun huet Spueren hannerlooss. Den Euromeet ass e Spigelbild vum Niveau vum Lëtzebuergesche Schwammsport. Besonnesch bei den Dammen gesäit et net besonnesch roseg um héchsten Niveau aus. Wuel sinn nieft dem Jacky Banky e puer jonk talentéiert Schwëmmerinnen am Asaz, ma dat wäert nach eng Zäitchen daueren, bis si international eng Roll
spille kënnen. Si hu jo mam Julie Meynen, an dem Monique Olivier gutt Virbiller.
Bei de Jongen kann ee wuel der Zukunft mëttelfristeg mat méi
Optimismus entgéintkucken. Nieft den Tenoren Henx, Mannes a
Brandenburger, laueren éiergäizeg Talenter wéi Daleiden a Fabiani,
déi an Amerika Sport a Studium probéieren ënnert een Hutt ze kréien. Dann hu mer de Finn Kemp deen an der leschter Zäit explodéiert ass an och um Euromeet e gutt Bild ofginn huet mat enger A Finale mat véier perséinleche Beschtzäiten an d’Qualifikatioun fir d’Welt an d’Europäesch Junioren-Meeschterschaft. Eng Zäit laang war et roueg ronderëm de Joao Carneiro. Um Euromeet huet den 19 Järege gewisen, dass an Zukunft erëm mat him ze rechne wäert sinn. Och haut war den talentéierte Schwëmmer erëm an 2 B-Finallen.
Den Euromeet setzt weiderhin fest am Suedel an ass senger Bezeechnung als 2. wichtegste Schwamm-Meeting europawäit gerecht ginn. Trotz der Presenz vun 2 Weltrekordler, Welt- an Europameeschter, sinn awer nëmmen 2 Meetings-Rekorder gebrach ginn. Zwee vum Sophia Hanson. Dat illustréiert wat fir een héijen internationalen Niveau d’Rekorder hunn. En plus ass et den éischte Meeting vun der Saison.
Respekt fir d’Initiativ vun der Equipe ronderëm de Serge Hollerich,
fir déi ukrainesch Nationalequipe op den Euromeet ze bréngen. D’Ekipp huet mat exzellente Resultater zum Erfolleg vum Meeting bäigedroen. Bedenkt een dass viru kuerzem eng Bomm, 50 Meter vun der Plaz ewech, wou si an der Ukrain trainéiert hunn, erofgaangen ass. Da wier et vermessen, fir sech an eise Géigenden iwwert mangelhaft Trainingskonditiounen ze bekloen.