De 45 Joer ale Star-Quarterback huet 23 Saisonen an der NFL gespillt an huet siwemol de Super Bowl gewonnen.

Elo ass et endgülteg - d'Football-Legend Tom Brady trëtt zeréck. De Quarterback vun de Buccaneers huet dëst e Mëttwoch iwwer Twitter matgedeelt. Hien hat jo schonns virun engem Joer säi Récktrëtt annoncéiert, ier hien dunn awer nach eemol zeréckkomm ass.

23 Saisone war den Tom Brady an der NFL aktiv, dovunner 20 bei den New England Patriots, mat deenen hie 6 Titele gewanne konnt. Dono huet hie sech fir e Wiessel decidéiert an ass bei d'Tampa Bay Buccaneers gewiesselt, do gouf et e weidere Super-Bowl-Titel, deemno de siwente Rank. Aktuell gëtt a gouf et kee Spiller, dee méi Super-Bowl-Réng gewanne konnt wéi de Quarterback vun de Buccaneers. A senger leschter Saison ass hie mat senger Ekipp nach eemol an d'Playoffs komm, gouf do awer direkt an der éischter Ronn eliminéiert.

De laangjärege Quarterback vun den New England Patriots huet a sengen 22 Saisone quasi all Rekord gebrach, deen et an der NFL ze brieche gouf.