Fir vill Leefer ass e Marathon lafen eent vun de groussen Ziler. De Pit Van Rijswijck huet sech an de leschten Deeg e groussen Dram erfëllt.

7 Marathonen a 7 Deeg op 7 Kontinenter: En huet sech der Keelt an der Antarktis an der Hëtzt ënner anerem a Südafrika missen aussetzen. Am RTL-Interview huet hien erkläert, datt dat och dat schwieregst gewiescht wier.

"Ech hunn zwee Ziler gehat, dat eent war, dat do ze packen, dat anert fir Spenden ze sammelen, fir d'Fuerschung do ze ënnerstëtzen. Emotional, wann s de un däi Papp denks, elo déi lescht 4 Kilometer hei zu Miami, ech si just nach geflunn. Nëmmen nach dorunner geduecht. Et war einfach genial."

Montage Candy Windeshausen
Fir vill Leefer ass e Marathon lafen eent vun de groussen Ziler. De Pit Van Rijswijck huet sech an de leschten Deeg e groussen Dram erfëllt.

De Pit Van Rijswijck leeft elo schonns méi wéi 15 Joer an ass ëmmer op der Sich no neien Erausfuerderungen. An dat Ganzt mécht hien aus engem gudde Grond. Hien huet sengem 2020 verstuerwene Papp, mat deem hien déi gréisst Challengen zesumme gemeeschtert huet, versprach, um World Marathon Challenge deelzehuelen.

An dat mécht hie fir d'Glioblastoma-Fuerschung ze ënnerstëtzen. Dat ass eng Zort vun Tumor am Gehier, mat där säi Papp, den Tun, ze kämpfen hat. Dofir huet hien d'Initiativ "Running against Cancer", déi ënnert der "Fondation Cancer" leeft, an d'Liewe geruff. Dës Woch hannerléisst hien dann elo op alle 7 Kontinenter säi Foussofdrock. Mir hu mam Lëtzebuerger Leefer geschwat a gefrot, wéi hien déi éischten Erausfuerderung erlieft huet.

Hei déi komplett Resultater

Marathon in Antarctica
1 David Kilgore (USA) 3:23:17
2 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:45:25
3 Paul Box (USA) 3:54:42
4 Luke Wigam (GBR) 4:07:32
5 Henrik Kolmos (DEN) 4:15:35h

Marathon in Cape Town
1 David Kilgore (USA) 2:58:15
2 Andrew Keast (CAY) 3:21:12
3 Paul Box (USA) 3:23:44
4 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:34:00
5 Ben Wright (USA) 3:41:20

Marathon in Perth
1 David Kilgore (USA) 2:55:07
2 Andrew Keast (CAY) 3:20:09
3 Paul Box (USA) 3:24:50
4 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:27:47
5 Henrik Kolmos (DEN) 3:44:55

Marathon in Dubai
1 David Kilgore (USA) 2:52:05
2 Andrew Keast (CAY) 3:15:43
3 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:20:32
4 Paul Box (USA) 3:25:17

Marathon in Madrid
1 David Kilgore (USA) 2:44:27
2 Paul Box (USA) 3:09:23
3 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:09:23
4 Andrew Keast (CAY) 3:21:59

Marathon in Fortaleza
1 David Kilgore (USA) 2:56:59
2 Andrew Keast (CAY) 3:25:10
3 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:27:16
4 Paul Box (USA) 3:30:50
5 Ben Wright (USA) 3:49:30

Marathon in Miami
1 David Kilgore (USA) 2:41:50
2 Pit Van Rijswijck (LUX) 3:11:17
3 Paul Box (USA) ?
4 Andrew Keast (CAY) 3:35:05
5 Henrik Kolmos (DEN) 3:47:31
6 Ben Wright (USA) 3:54:36