Nächst Ronn an der Basket-Affär ronderëm de Match Diddeleng géint de Gréngewald an der Coupe-Halleffinall vun den Dammen.

Nodeems d'Verbandsgeriicht vun der FLBB decidéiert hat, datt de Match misst nei gespillt ginn, huet de Gréngewald d'Decisioun geholl, fir an Appell ze goen.

Diddeleng hat am Ufank vum Match 2 Punkte gezielt kritt, déi ni gefall sinn.

D'Coupe-Finall, wou deemno de Géigner vun der Sparta gesicht gëtt, ass fir den 18. Mäerz virgesinn.

RTL Informatiounen no kënnt den Conseil d'appel de 16.02.2023 zesummen.