
© AFP
Bei den Damme gouf et iwwerdeems eng Victoire fir d'Mikaela Shiffrin, déi domat de Rekord vum Ingemar Stenmark knackt.
Beim Schi Alpin bei den Häre konnt de Favorit Marco Odermatt sech a Slowenien no zwee Duerchgäng am Riseslalom mat enger Zäit vun 2 Minutten, 16 Sekonnen a 65 Honnertstel duerchsetzen. De Schwäizer huet domat de Fransous Alexis Pinturault (+0.23 Sekonnen) an den Norweger Henrik Kristoffersen (+0.37 Sekonnen) hannert sech gelooss.
Bei den Dammen huet d'Mikaela Shiffrin sech zu Åre a Schweden am Slalom mat enger Zäit vun 1:41.77 Minutten duerchgesat. Mat der 87. Weltcup-Victoire ass de Rekord vum Ingemar Stenmark domat gebrach. Komplettéiert gouf de Podium vun der Schwäizerin Wendy Holdener (+0.92 Sekonnen) an der Schwedin Anna Swenn-Larsson (+0.95 Sekonnen).
Am Schisprangen bei der Raw-Air-Tour zu Oslo gouf et bei den Hären eng Victoire fir de Slowen Anze Lanisek, dat mat 260.20 Punkten. Zweeten ass den Éisträicher Stefan Kraft mat 254.40 Punkte ginn, wärend den Däitsche Karl Geiger de Podium komplettéiert (253.50 Punkten).
Bei den Damme konnt sech iwwerdeems d'Éisträicherin Chiara Kreuzer mat 260.10 Punkten duerchsetzen. Zweet ass d'Ema Klinec aus Slowenien mat 254.60 ginn, komplettéiert gouf de Podium vun der Norwegerin Anna Odine Strøm mat 253.10 Punkten.
Am Biathlon zu Östersund a Schweden gouf et bei den Dammen eng Victoire fir déi norwegesch Staffel, dat mat enger Zäit vun 1 Stonn, 8 Minutten a 70 Honnertstel a mat 4 Feeler. Déi franséisch (+15.20 Sekonnen) an déi däitsch (+27.20 Sekonnen) Staffel sinn, allebéid mat 7 Feeler, op d'Plazen 2 an 3 komm.
Och bei den Häre konnt d'Staffel aus Norwegen iwwerzeegen a sech um Enn mat 1:09:12.40 Stonnen (7 Feeler) déi éischte Plaz sécheren. De Rescht vum Podium ass iwwerdeems och d'selwecht bliwwe wéi dee bei den Dammen, soudass Frankräich op Plaz 2 gelant ass (+22.50 Sekonnen) an Däitschland op Plaz 3 (+37.40 Sekonnen). Béid Staffelen haten 8 respektiv 10 Feeler.