Den CIJ Meet gëtt et elo schonn zanter 50 Joer.

An der 50-järeger Geschicht vum CIJ Meet si schonn eng ganz Rei auslännesch Schwëmmer defiléiert, déi eng Zäitchen duerno op der internationaler Bün ganz uewe stoungen. Den Organisateur de Swimming, de gréisste Veräin vu Lëtzebuerg, konnt den Niveau, am Verglach zum vergaangene Joer, e Krack no uewe schrauwen.

Verschiddener vun eise jonke Schwëmmer a Schwëmmerinnen hu vun der internationaler Konkurrenz profitéiert, fir sech eng Podiumsplaz oder/an d'Qualifikatioun fir eng international Kompetitioun z'erkämpfen. Ugefaangen beim Fin Kemp: 2 perséinlech Beschtzäiten um 50 an 100 Meter Brasse, déi 4. Europäesch Juniorszäit fir dës Saison op de 50 Meter Brasse an eng 1. Plaz um 100 Meter Brasse souwéi d'Qualifikatioun fir d'Juniors Europa- a Weltmeeschterschaft - ee schéine Bilan.

Den Albert Chaussard gouf 3. a senger Alterskategorie op den 100 Meter Brasse a qualifizéiert sech fir den European Youth Olympic Festival.

Souwuel d'Leeloo Reinesch, wéi och d'Lou Jominet haten et bis an d'Finall vum 400 Meter Crawl Open gepackt  an d'Lou Jominet gouf do souguer dat 3. E Sonndeg geet et da viru mam CIJ Meet.