D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalgolkipp konnt un der Alten Försterei dräi Mol a Féierung goen, dräi Mol konnt Union Berlin awer ausgläichen.

En Donneschdeg den Owend sinn an der Europa League d'Retourmatcher an den Aachtelsfinalle gespillt ginn.

Fir den Anthony Moris gouf et mat der Union Saint-Gilloise géint Union Berlin eng  3:0 Victoire.

An de weidere Partië vum Owend konnte sech ënnert anerem Leverkusen, Manchester United a Juventus Turin duerchsetzen.

Union Saint-Gilloise - 1. FC Union Berlin 3:0
1:0 Teuma T. (18'), 2:0 Lazare Amani J. (63'), 3:0 Lapoussin L. (90+4')

Wéi schonn an der Gruppephas si béid Ekippen och an den 1/8-Finallen nees openeegetraff. Ma anescht wéi am Allersmatch, konnt sech Unioun Saint-Gilloise dës Kéier dann dach relativ kloer am Retourmatch géint d'Ekipp aus Berlin behaapten. Den Teuma hat déi Belsch Ekipp schonn no 18 Minutten a Féierung bruecht. D'Berliner hunn et net fäerdeg bruecht hei ze reagéieren, sou dass et mat engem Gol Avance fir d'Belsch an d'Paus gaangen ass.

Am zweeten Duerchgang konnt Saint-Gilloise dann nach eemol eng Schëpp drop leeën an de Virsprong weider ausbauen. An der 63. Spillminutt war et de Lazare Amani, mat Bedeelegung vum Boniface, dee fir den 2:0 fir d'Ekipp aus der Belsch gesuergt huet. Kuerz viru Schluss ass dann nach en 3. Gol gefall fir Saint-Gilloise, ma dee gouf awer nom Videobeweis nees anuléiert. Sou dass et zu deem Zäitpunkt beim 2:0 bliwwen ass fir d'Ekipp vum Anthony Maurice. Ma an der 94. Minutt war et dann nach eemol de Lapoussin, dee fir den 3:0 Endstand gesuergt huet. Domadder ass d'Ekipp dann och weider an der Véierelsfinall.

D'Resultater vun deenen anere Matcher mam Iwwerbléck vun de Goler fannt Dir hei:

Betis Sevilla - Manchester United 0:1
0:1 Rashford M (56')

Fenerbahçe Istanbul - FC Sevilla 1:0
1:0 Valencia E. (41')

SC Freiburg - Juventus Turin 0:2
0:1 Vlahović D. (45'), 0:2 Chiesa F. (90+5')

Feyenoord Rotterdam - Schachtar Donezk 7:1
1:0 Gimenez S. (9'), 2:0 Kökçü O. (24'), 3:0 Kökçü O. (38'), 4:0 Idrissi O. (49'), 5:0 Idrissi O. (60'), 6:0 Jahanbakhsh A. (64'), 7:0 Danilo (67'), 7:1 Kelsy K. (87')

FC Arsenal - Sporting CP 1:2 n.E.
1:0 Xhaka G. (19'), 1:1 (62')

Ferencváros Budapest - Bayer Leverkusen 0:2
0:1 Diaby M. (3'), 0:2 Adli A. (81')

Real Sociedad - AS Rom 0:0

Déi komplett Resultater

Resultater

All d'Tabellen

Tabell